
Deemno gouf der Police géint 23 Auer gemellt, datt e Chauffer an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng hannert dem Steier ageschlof wier. Op der Plaz konnt eng Patrull de Mann untreffen. Well dëse sichtlech ze vill Alkohol gedronk hat, gouf en Alkoholtest gemaach, deen deementspriechend positiv war. De Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.
Um fréie Mëttwochmoie war iwwerdeem en Automobilist a Schlaangelinnen op der Route du Nord zu Ettelbréck ënnerwee. De Chauffer konnt vun enger Patrull gestoppt a kontrolléiert ginn. Och dësen hat ze déif an d’Glas gekuckt an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.