
Wéi d’Beamten op déi genannte Plaz koumen, souz déi gemellte Persoun op engem Stull. Wéi hie befrot gouf, ass de Mann op eemol komplett ausgerasst, sou dass hien huet missten op de Police-Büro matgeholl ginn. Well en eng Gefor fir sech an aner Persounen duergestallt huet, huet hie missten an Arrest ënnerbruecht ginn, fir dass hien do kéint a Sécherheet ausniichteren.
An deem Kader huet hie missten am Spidol ënnersicht ginn, wou de Mann allerdéngs nees komplett d’Nerve verluer huet. Hie gouf hei nees immobiliséiert. Wéi hien an Arrest bruecht gouf, ass de Mann souguer géint d’Polizisten handgräiflech ginn. Géint de Mann gouf och eng Plainte gemaach.