Pressekonferenz vun SNE/CGFPAlphabetiséierung op Franséisch misst Schrëtt fir Schrëtt, an net allgemeng agefouert ginn

Fanny Kinsch
D’Enseignantsgewerkschaft fuerdert ënnert anerem och, Schoule misste selwer decidéiere kënnen, ob si gemeinsam oder getrennte Klasse maachen.
Symbolbild vu Schüler an der Schoul
Den SNE bedauert, dass ni iwwer Alternative gesicht gouf, en Deel vun de Kanner op Däitsch an en Deel op Franséisch ze alphabetiséieren.
© TyliJura

D’Alphabetiséierung op Franséisch misst Schrëtt fir Schrëtt, an net allgemeng agefouert ginn – dat fuerdert d’Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP en Donneschdeg op hirer Rentréespressekonferenz. D’Schoule missten och decidéiere kënnen, ob si gemeinsam oder getrennte Klasse maachen. Den SNE bedauert, dass ni iwwer Alternative gesicht gouf dozou, en Deel vun de Kanner op Däitsch an en Deel op Franséisch ze alphabetiséieren. Weider Punkten, déi der Gewerkschaft dës Rentrée wichteg sinn, concernéieren d’Inclusioun, den Encadrement am Cycle 1 an d’Reform vun der Voie de préparation.

Den SNE begréisst a groussen Deeler den Aktiounsplang vum Educatiounsminister fir d’Inclusioun, fuerdert awer méi Autonomie fir Schoulen. Am Cycle 1 missten an all Klass, also net just am Precoce, mee och an der Spillschoul, een Enseignant an een Educateur virgesi sinn. D’Enseignantsgewerkschaft fuerdert weider, dass et an der Voie de préparation (fréier Modulaire) och e Pool vu Remplaçante gëtt wéi an der Grondschoul, wann en Enseignant ausfält.

Back to Top
CIM LOGO