1 Joer donoAm Januar soll och déi Briddeler "Berliner" Mauer falen

Monique Kater
Ufank des Joers si Leit am Bësch tëscht dem Briddel a Steesel ferm erféiert, well do op eemol eng héich Bëtongsmauer ronderëm en Terrain opgeriicht gi war.
Am Januar soll och déi "Briddeler" Berliner Mauer falen
Am Januar dat lescht Joer si Leit am Bësch tëscht Briddel a Steesel ferm erféiert, well do op eemol eng héich Bëtongsmauer ronderëm en Terrain opgeriicht gouf

Et huet sech dunn erausgestallt, dass an der Cité Worré en neie Proprietäre vun enger Parzell sech net un d’Baugeneemegung vun der Gemeng gehalen huet an amplaz eng Mauer vu maximal annerhallwem, eng iwwer véier Meter héich gebaut huet.

Deen do hält sech dru wéi de Geck un de Bengel, soe mir op Lëtzebuergesch “Dat Spréchwuert passt op méi wéi een a kann och duerchaus eppes Guddes sinn. Am Fall vun eiser Mauer um Briddel awer éischter net! Well d’Bëtongsplacke stinn nach ëmmer genee sou stramm, wéi viru engem Joer. A genee esou illegal! Realitéit a Virschrëften aus der Baugeneemegung: 5 Meter amplaz véier Mol annerhallwen, dat huet näischt mateneen ze dinn.”

Amplaz sech un déi autoriséiert Pläng ze halen, hätt de Bauhär du gebaut, wat hie Loscht hat, esou de Kopleschter Buergermeeschter Thierry Schuman. Dat kéim net a Fro an dofir koum virun engem Joer de Baustopp. Zënterhier géing den zukünftege Briddeler ëmmer nees probéieren, mat neie Pläng, méi no un dat erunzekommen, wat hien dohigesat hätt. Fir de Gemengepapp kënnt dat net a Fro!

Dass Reegele Reegele sinn, déi fir jiddereen d’selwecht musse gëllen, weess och dem Bauhär säin, an der tëscht, liicht genervten Architekt. Seng initial Pläng waren acceptéiert, alles gutt, bis de Client nei Iddie gehat hätt. Si wiere vum Bauhär iwwerrompelt ginn, deen dunn decidéiert gehat hätt, déi héich Maueren aus Bëtong ze setzen, heescht et vum Architekt Carlos Correia. Mä Gottseidank hätt d’Gemeng dat du gestoppt! Kee Choix seet jo och de Buergermeeschter…e ganzt Joer huet hien d’Féiss roueg gehalen, obschonns se net virukoumen.

An e Kompromëss wier een och net agaangen, well dat jo géing jo heeschen, “dass ee vun der éischter Geneemegung géing ofgoen,” argumentéiert de Buergermeeschter, deen och keng Asiicht beim Bauhär festgestallt huet.

E festen Datum hätt hien elo net am Kapp, mä iergendwa misst dat hei awer elo op 1,50 Meter zréckgesat ginn. Deet sech awer ëmmer nach näischt, géif ee sech, mam Accord vum Conseil natierlech, un de Parquet wenden, sou den Thierry Schuman.

Déi Wänn verschwannen. Am Januar hëlt den Entrepreneur déi ewech”, seet den Architekt. Als eenzeg kleng Mauer kéim eng vun 80 Zentimeter virun d’Limite cadastrale stoen, fir dee klengen Talus z’iwwerbrecken. A wéi am Bautereglement stéing, géif dës Mauer da mat Hasteng verkleet ginn

Esou eng Situatioun hätt hie nach ni gehat, sou den Architekt. E Baustopp, dee weider leeft an deen iwwregens just fir bausse gëllt. Et dierft a kengem sengem Intressi sinn, dass d’Saach viru Geriicht geet. Och wa vläicht an dëser Affär alles gutt gëtt, et bleift awer e schlechte Gôut: Zanter dem Omnibusgesetz huet den Ëmweltministère mat esou enger Auer an engem Bësch näischt méi ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO