
Zanter ronn zwou Woche wier ee vun de Pilotprojeten elo an der Geneemegungsprozedur, dat hätt de betraffene Bauer him confirméiert, esou de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn. Et wier een awer scho siwe Joer amgaangen, an deenen eng ganz Partie Etüden a Machbarkeetsstudie realiséiert goufen. Fir de Christian Hahn ass dat einfach ze laang.
"Et ass schonn ee schleefende Prozess, ech hat och nach mat deem geschwat, dee lo eropgelueden huet, dee sot och, jo lo si mer gespaant, wéi laang et dauert, bis dann eng Geneemegung ka kommen. De Problem ass och, wéini geet een an d'Geneemegungsprozedur, well wann de prinzipiellen Accord net do ass, ass et och schwéier, fir fir all déi Etüde mol d'Suen an de Grapp ze huelen."
Hie géing hoffen an och dovun ausgoen, datt d'Geneemegungsprozedur elo just nach e puer Méint dauere wäert, well den Ëmweltministère an déi verschidden Administratioune bei den Etüden involvéiert waren an den Dossier dowéinst gutt kenne géingen. Den Tom Schaul ass Responsabele vum Groupe Eau am Ëmweltministère, hie ka sech engersäits an déi eenzel Baueren eraversetzen, verweist awer anerersäits op dat Grousst Ganzt.
"Ech verstinn, datt d'Leit soen, dat doten dauert laang. Well bei der Landwirtschaft ass och ee gewësse Produktiounsdrock dobäi, deen akut gëtt, wa mer sou extrem Wiederverhältnisser hunn, wéi mer se dëse Summer haten a wéi se an Zukunft och méi heefeg virkomme wäerten. Mee et ass och wichteg, datt een den Impakt vun deene Bassengen an engem Laangzäitkontext kuckt."
Wann zum Beispill Waasser aus Baache geholl géing ginn, misst een dorobber oppassen, datt déi doduerch net iwwerfuerdert ginn. Grad am Summer wieren d'Peegelstänn dacks extrem niddereg. An da géing et nach ee weideren Aspekt ginn, deen een net vergiessen dierft.
"Dat ass d'Waasserqualitéit, engersäits d'Qualitéit vum Waasser, dat ee fir d'Irrigatioun braucht. Et ass een Ënnerscheed, ob ee Beem netzt, ob ee Wéngerten netzt, ob ee Liewensmëttel netzt, do muss gekuckt ginn, wat fir eng Qualitéit ass verfügbar, vu Reewaasser, vu wat fir enge Fläche kënnt dat Reewaasser hier, dat muss gekuckt ginn."
Sou misst zum Beispill d'Reewaasser, dat an Industriezonen opgefaange gëtt, virdrun traitéiert ginn. Déi Suerge kann ee bei der Landwirtschaftskammer novollzéien, bëssi méi skeptesch gesäit een awer d'Diskussioun doriwwer, datt de Baseng sech dono an d'Natur afüge muss. Do géing sech heiansdo un Detailer opgehaange ginn.
"Dat ware sou Diskussiounen, déi am Virfeld ëmmer gelaf sinn, datt wann een dee Buedem do léisst an da ronderëm als Wall optippt, datt dat dann net an d'Natur géing passen. A wann een dann deen neie Prisong zu Suessem hëlt, wou dann zum Beispill sechs Meter opgetippt gi sinn, do war kee Problem. Ech mengen do si vill Schied, wou mer och eng Kéier politesch mussen driwwer sprangen."
Ass een da generell vum Ëmweltminister Serge Wilmes an der CSV enttäuscht, well et net méi séier virugeet? Déi Fro wier schwiereg ze beäntweren, well net ëmmer kloer wier, ob de Ministère de Grond vum Retard ass. Deels wieren nämlech och méi Acteuren involvéiert, zum Beispill Gemengen oder Syndikater, wat och een Impakt op de Fortgang vum Dossier kéint hunn.