D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Iran, Astronauten, déi éischter Heemkommen a flott nei Erfindungen

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 18. Januar: D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläert
Eis Sujeten: Iran, Astronauten déi éischter Heemkommen a flott nei Erfindungen

Am Norichteniwwerbléck kucke mer dës Woch op Astronauten, déi méi fréi ewéi geduecht hu missen erëm op der Äerd landen, well ee vun hinne krank war. Soss gouf an den Noriichten erëm iwwer d’Alphabetiséierungen op franséisch geschwat. A mir ginn an Amerika op eng Foire, wou lauter technesch Erfindunge presentéiert ginn. Am Sport gëtt et e kuerze Bléck op den Aquathlon an der Coque an och beim Tennis, an zwar den Australian Open, déi elo ugefaangen hunn.

Am Reportage geet et dës Kéier an den Iran. Hei koum et déi lescht Woch zu grousse Masseprotester. An obwuel den Internet op der Plaz ofgeschalt gouf, drénge beonrouegend Noriichten aus dem Land. Mir probéieren de Kanner den Hannergrond vun dësem Konflikt – kannergerecht – ze erklären.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes

https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes

https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes

Back to Top
CIM LOGO