Hei kucke mer op d’Poopstvisitt zu Metz a wat de Poopst Leo alles vun Theemen ugeschwat huet. An da kucke mir op d’Staatsvisitt vum finnesche Präsident Alexander Stubb, deen elo dës Woch zu Lëtzebuerg war. Dono gi mir méi wäit ewech a China, méi genee op Shanghai, well do waren elo Enn September d’WorldSkills, wou jonk Handwierker vun der ganzer Welt géinteneen untrieden, fir de beschten an hirem Handwierk ze sinn. Virop geet et awer drëms ze weisen, wat am Handwierk alles méiglech ass a wat et do fir Optioune ginn. An da kucke mir nach op eng nei Grippeimpfung, déi fir Kanner elo mat engem Nuese-Spray ka gemaach ginn.
Am Reportage treffen eis Kannerreporter Saira a Jonas op d'Eva Marija a schwätze mat him iwwert den Eurovision Song Contest, wéi hatt zur Musek komm ass a firwat hat am léifsten op Englesch schreift.
Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen