Alerte vu MeteoluxVill Reen um Donneschdegowend, Wandvitesse bis zu 90 km/h e Freideg

Andy Brücker
Meteolux huet zwou giel Alerten erausginn, dat fir vill Reen um Donneschdeg an extreme Wand um Freideg.
© AFP (Archiv)

Den nationale Wiederdéngscht huet um Donneschdeg direkt zwou giel Alerten erausginn. Fir en Donneschdeg ass eng Warnung fir vill Reen am ganze Land en place, dat tëscht 18 Auer an Hallefnuecht. Et gi sech Waasserusammlunge vun 30–40 Liter pro Quadratmeter erwaart a besonnesch de Weste vum Land soll betraff sinn. Am Éislek besteet och d’Méiglechkeet vu Schnéi.

Fir e Freideg ass da vun 2–17 Auer eng Alerte wéinst staarkem Wand en place, dat och nees fir ganz Lëtzebuerg. Wandspëtzte vu bis zu 90 km/h aus dem Südweste gi sech erwaart.

Back to Top
CIM LOGO