
De Christian Sonntag ass tëscht 1,80 an 1,90 Meter grouss an huet brong Aen. Hien huet Tätowéierungen um Ënneraarm an un der Schëller. Wien Hiweiser dorop huet, wou de Vermësste sech kéint ophalen, ass gebieden, sech um Policebüro vun Diddeleng ze mellen. Kontaktéiere kënnt Dir d'Beamten ënnert der Nummer (+352) 244 69 1000 oder per E-Mail u Police.DUDELANGE@police.etat.lu.