Wéinst Groussbrand an Héich Venn (B)An den nächsten zwee Deeg kéint et plazeweis zu Lëtzebuerg no Damp richen

RTL Lëtzebuerg
De Grond ass keen direkte Brand zu Lëtzebuerg, ma kënnt vu méi wäit nërdlech vum Grand-Duché, nämlech aus dem Grenzgebitt tëscht der Belsch an Däitschland.
De Bëschbrand e Freideg de 14. August 2026 an den Hautes Fagnes an der Belsch.
De Bëschbrand e Freideg de 14. August 2026 an den Hautes Fagnes an der Belsch.
© NICOLAS LAMBERT/Belga via AFP

Wéi de Wiederexpert Jörg Kachelmann e Samschdeg erkläert, hätt de Wand am Nomëtteg gedréit, dat méi e Richtung Norden. Domadder géif eng Phas vun zwee Deeg ugoen, wärend där den Damp vum Bëschbrand am Héich Venn (Hautes Fagnes) an der Belsch bis op Lëtzebuerg kéint zéien.

Et handelt sech dobäi also net ëm e Brand, deen onmëttelbar an der Géigend ass an eng direkt Gefor bedeit. De Wand kann dësen Damp, jee nodeem aus wéi enger Richtung e kënnt, iwwer vill Kilometer wäit droen, sou dass dësen souguer de Grand-Duché erreeche kann. Dem Jörg Kachelmann no dierften d'Leit am Éislek den Damp vum Groussbrand als éischt richen. Fir Lëtzebuerg besteet hei awer wéi gesot keng direkt Gefor.

An den Hautes Fagnes, enger Grenzregioun tëscht der Belsch an Däitschland ass zënter e Freideg e grousse Brand ausgebrach. D'Feier ass bei Baelen ausgebrach an huet schonn iwwer 1.600 Hektar Land zerstéiert. Et ass eng vun de schlëmmste Brandkatastrophen an der Geschicht vum belschen Naturschutzgebitt. Ganz vill Stroossen an der Géigend goufe well komplett gespaart, d'Regioun soll groussraimeg ëmfuer, respektiv ëmgaange ginn.

Detailer an Updates iwwert d'Konditioune vum Wand an der Regioun, ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO