
Dës Reform huet op jidder Fall de Regierungskolleeg vun der Ministesch Margue, de Logementsminister Claude Meisch, e Mëttwoch an der Chamber ugekënnegt. Déi Lénk haten den Debat iwwert d’Situatioun vu Keefer am Fall vun enger Faillite vum Promoteur gefuerdert.
Keefer vun enger Wunnengen um Plang, déi wéinst enger Faillite oder just Schwieregkeete beim Promoteur, jorelaang hire Bien net, oder méi spéit, oder méi deier, oder déi zwee geliwwert kréien... Keefer, déi dowéinst méint- oder jorelaang Loyer a Prêt gläichzäiteg bezuelen... D’Deputéiert, déi am Debat iwwert d’Vefa d’Wuert ergraff hunn, ware sech all eens, datt eppes misst geschéien.
Dorënner de Gary Diderich vun déi Lénk, deen der Regierung virgeworf huet, fir d’Promoteuren do ze sinn, mee net fir d’Affer vun hinnen: "D’Promoteure kréien hir Vefas opkaf, kréie mat Prolog S.A, ee special purpose vehicle vun de Banken an der SNCI dohinner gesat, an Exoneratiounen um Droit d’Enregistrement fir Wunnengen, déi maximal bis zu 80 Prozent fäerdeggestallt sinn. D’Keefer vu blockéierte Vefas kréien op där anerer Säit alles selwer ze droen. D’Méikäschte vum Projet a vum Prêt, de Loyer, deen nach ëmmer weiderleeft, de Risiko, fir selwer Promoteur mussen ze spillen an d’Käschte fir Experten an Affekot."
Virun zwee Joer hat d’Chamber eng Motioun vun der Deputéiert Paulette Lenert mat zéng Propose fir e bessere Schutz vu Keefer ugeholl. Hire Parteikolleeg, den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, huet ewéi déi meescht Membere vun der Oppositioun seng Ongedold net verstoppt an huet dem CSV-Deputéierten Alex Donnersbach virgeworf, ëmmer nëmmen den Ausdrock géing benotzen "et misst ee kucken". Den Donnersbach huet dunn de Cruchten zeréckgepaff, well d’DP-LSAP-Gréng-Regierung sech schonn 2018 virgeholl hat, d’Vefa-Gesetz ze iwwerpréiwen.
Den Yves Cruchten huet him geäntwert, datt et virun allem zanter 2022-2023 eréischt vill méi Fäll vu blockéierte Vefa ginn: "Doduerch, dass d'Zënse geklomme sinn. Doduerch, dass eng ganz Partie Promoteure sech verzockt hunn an hir Projeten net méi kënne fäerdegmaachen. Dat ass, well mer e Marché jorelaang - an ech maachen hei net de blamegame, ech weisen et mam Fanger op iergendeen, ech weise mam Fanger op eis alleguer - well mir hunn alleguerten dee Marché vill ze vill laang sech selwer iwwerlooss a mir hunn ëm net genuch kloer Reegelen operzwongen. Mee ech soen awer och dat heiten, all Kéiers wann een dat hei an der Chamber freet, da gëtt een iwwerall geblockt."
De Piratendeputéierte Sven Clement huet eng eege Gesetzespropos deposéiert, déi sengetweegen kéint amendéiert ginn - mee Haaptsaach, et géing séier goen. De Logementsminister Claude Meisch huet d’Intentioune vun all den Deputéierte gedeelt, mee gewarnt, datt d’Garantie d’achèvement viraussetzt, datt d’Assurance matmaachen, datt se net dierf zu méi Baustoppe féieren, notamment wa Betriber, Curateuren oder Keefer sech och net eens ginn.
Hien huet notamment follgend konkret Froe gestallt : "Dann ass et awer eng Fro vu Responsabilitéit. Iwwerhëlt de Staat dann och all déi Responsabilitéiten do? Et ass eng Fro, wie baut dann do fäerdeg? Mir wëssen, datt eenzel Chantieren net nëmme Woche gestoppt sinn, mee laang Zäit gestoppt sinn, an dann och do da muss gekuckt ginn: wien hëlt dann d'Responsabilitéit fir finalement dann e Produit awer ze liwweren, deen deem entsprécht wat am Ufank am Cahier des charges stoung an och déi Garantie op d’mannst iwwer zéng Joer da kënnen ze assuréieren, déi sollten assuréiert ginn."
D’Deputéiert hunn all méi Transparenz iwwert d’Venten um Plang gefuerdert, dorënner iwwert d’Delaien, déi Promoteuren engem Keefer uginn. Allerdéngs hunn se net gesot, datt e Promoteur dat dann och just ka maachen, wa keng administrativ Prozedur méi am Wee steet.
Dräi Motioune goufen nom Debat an eng Commission jointe geschéckt: Logement, Justiz a Finanz. D’Oppositioun huet gefuerdert, datt déi Sitzung ganz séier zesummekënnt, fir net ewéi der Paulette Lenert hir Motioun am Tirang ze verschwannen.