Droit de réponseAn Zukunft gëllt d'Äntwertrecht och fir Online-Medien

Roy Grotz
D'Gesetz iwwer d'Meenungsfräiheet an de Medien gëtt no 20 Joer op engem prezise Punkt iwwerschafft.

Sou soll an Zukunft och d’Äntwertrecht fir Online-Medien gëllen. Dat war bis ewell am Gesetzestext vun 2004 net virgesinn.

Nach net eens ass ee sech iwwert d’Längt vum “Droit de réponse”, dat publizéiert gëtt, wann et den Ufuerderungen entsprécht: Dës kann eng definéiert Zuel vun Zeile sinn, respektiv muss der Längt vum initialen Text entspriechen, op dee sech d’Äentwertrecht bezitt.

Fir d’Ännerung ze presentéieren, hat sech de Medieminister Bettel an déi zoustänneg Chamberkommissioun deplacéiert.

Et gouf preziséiert, datt den Droit de réponse an Internet-Publikatiounen net fir Posts gëllt, déi op de soziale Medien geschriwwe ginn, mee sech just op Artikele bezitt, déi vu Journaliste verfaasst goufen.

Den Deputéierten Pim Knaff (DP) ass de Rapporter vum Gesetzesprojet.

Back to Top
CIM LOGO