Patron vum Levantine nom Brand"An zwou Stonne war alles a Flamen opgaangen"

Raphaël Ferber
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Restaurant Levantine an der Stad gouf en Dënschdeg den Owend schwéier vun engem Feier getraff. Mir hu mam Responsabelen Alaa Benchiba doriwwer geschwat.
D'Ausmooss vun de Schied nom Feier am Restaurant, den Dag duerno.
D'Ausmooss vun de Schied nom Feier am Restaurant, den Dag duerno.
© Domingos Oliveira

Zwee Deeg nom Feier vum Restaurant an der Rue Notre-Dame an der Stad hu mer de Responsabelen Alaa Benchiba op der Plaz vum Tëschefall getraff. Ausgangspunkt vum Feier waren Handdicher, déi een an den Trockner gemaach hat. "De Problem mat deenen Handdicher ass, datt den Ueleg drun hafte bleift a se sech dann effektiv bei grousser Hëtzt entflame kënnen", erzielt de Responsabele vum Restaurant, deen am Oktober 2025 opgaangen ass. "Hätt ech de Video net gesinn, hätt ech et net gegleeft".

U sech ass de Restaurant méindes an dënschdes zou, ma den Alaa Benchiba kënnt dënschdes owes dohinner, fir d'Poubellen erauszesetzen. Wéi hien dëst maache wollt, ass him d'Feier opgefall. "Ech war géint 21 Auer hei a wéi ech d'Fënster ugepaakt hunn, ass mer opgefall, datt s e gliddeg ass. Ech hunn dunn d'Dier opgemaach an d'Feier koum mer entgéint."

Den Alaa Benchiba huet nach probéiert, Material ze retten, wärend en Noper mam Feierläscher géint d'Flame virgoung, bis d'Pompjeeën do waren. D'Feier war no "zwou, vläicht dräi Minutten" aus, esou de Responsabele vum Levantine. D'Feier selwer wier awer schonn e puer Stonnen amgaange gewiescht. "An zwou Stonne war alles a Flamen opgaangen", esou de Restaurateur.

Bis elo war de Restaurant gutt besicht. "Mir waren dauernd ausgebucht", seet den Alaa Benchiba. 300 Reservatiounen hu misste wéinst dem Feier annuléiert ginn.

Villes am Restaurant ass beschiedegt. Elo waart een op eng Botzfirma, déi e Freideg ageplangt ass, fir dono kënnen ze kucken, wat een nach notze kann. "Da gesi mer méi kloer, ob mer de Buedem, d'Maschinnen, d'Miwwelen, mussen austauschen".

Aktuell ass d'Zil kloer: De Levantine soll a sechs Woche seng Dieren nees opmaachen, erzielt de Restaurateur, dee virun dëser Karriär 10 Joer als Ingenieur u Bauprojete geschafft huet. Dëst ass eng Erfarung, déi him elo vläicht nach ze gutt kënnt.

Den Ubléck vum vum Feier zerstéierte Restaurant deet wéi. "Et deet mir am Häerz wéi, et ze gesinn", esou de Alaa Benchiba, dee vis-à-vis vum Gebai wunnt an et all Dag gesäit. Ma och fir déi siwe Mataarbechter vum Restaurant, hien inclus, deet et dem Bedreiwer, deem säin Etablissement elo Woche wäert zoubleiwen, leed.

De ganzen Interview kënnt Dir op RTL Infos noliesen.

Back to Top
CIM LOGO