CGDISFeier a Stater Restaurant, Auto zu Monnerech a Flamen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend hunn d'Pompjeeën op zwou Plazen am Land misse wéinst Bränn ausrécken.
En Asazwon vun de Pompjeeën.
© Laurent Weber

Sou zum Beispill kuerz virun 21 Auer an der Rue Notre Dame an der Stad. Hei hat e Restaurant gebrannt. E Video vum Asaz, un deem d'Stater Pompjeeë bedeelegt waren, zirkuléiert och an de soziale Medien. Blesséiert gouf beim Brand dem CGDIS-Bulletin no keen.

E weidert Feier gouf et da géint 22:30 Auer an der Rue de la Colline zu Monnerech, wou en Auto gebrannt huet. D'Monnerecher Pompjeeë waren op der Plaz, och hei gouf et keng Blesséierter ze bekloen.

Donieft mellt de CGDIS dann och en uergen Accident zu Manternach vun en Dënschdegnomëtteg, wou en Auto op der Kopp louch, nodeems e mat engem Trakter zesummegestouss war. Iwwer deen Accident hate mir hei bericht:

Back to Top
CIM LOGO