
Den Educatiounsministère huet zesumme mam Aarbechtsministère an de Sozialpartner vum Koordinatiounscomité vun der Tripartite decidéiert, verschidde Mesuren en place ze setzen, fir deene Jonken d'Méiglechkeet op eng Léier weider ze garantéieren a se domat an hirer Transitioun an d'Aarbechtswelt z'ënnerstëtzen.
Et handelt sech ëm eng direkt Hëllef fir d'Betriber, déi Jonker ausbilden. Eng Aide, déi allerdéngs un eng Rei Krittäre gebonnen ass. De Montant vun der Subventioun fir déi sougenannt "organismes de formation" variéiert tëscht engem Minimum vun 1.500€ an engem Maximum vu 5.000 Euro, jee nodeem, wéi vill Konditiounen erfëllt ginn.
Den Detail fannt der ënnert: