Op der PompelDiesel a Masutt ginn nach e Stéck méi deier

RTL Lëtzebuerg
D'Präishaussen op der Pompel gi weider. Vun en Donneschdeg u kaschten den Diesel an de Masutt nach méi wéi bis elo schonn.
© Domingos Oliveira

Beim Diesel ass et eng Hausse vu 4,1 Cent, woumat de Liter vun en Donneschdeg un 1,963 Euro kascht.

De Präis vum Masutt klëmmt ëm 3,9 Cent op 1,454 Euro de Liter.

Beim Bensinn bleift de Präis virop onverännert.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO