
Vu 17 Auer un an nach bis 23 Auer gëllt am ganze Land eng Warnung wéinst méigleche Wiederen, déi ausbrieche kéinten. Ree-Masse vun tëscht 15 an 30 Liter de Meterkaree kënnen deen Ament erofkommen. Och Knëppelsteng a staarke Wand si plazeweis méiglech.
Schold un de méigleche Stierm ass een Déifdrockgebitt, dat iwwert dem Norden an Nord-Weste vun Europa hänkt.
Fir muer ass d'Stuermwarnung dann nees opgehuewen. Et hänken zwar virun allem moies nach Wolleken am Himmel an owes ass Ree méiglech, ma mat Stuerm ass aktuelle Previsiounen no net méi ze rechnen.