
D’Ministere Jean Asselborn an Taina Bofferding féieren d’LSAP am Süden an d’Chamberwalen. Den Ausseminister stellt sech deemno mat 74 Joer nach emol dem Wieler. Ze verdeedegen huet de Jean Asselborn iwwer 40.000 Stëmmen, déi hien 2018 krut - dat waren der 10.000 méi wéi de Staatsminister Bettel der deemools krut. Wuel gemierkt am Bezierk Zentrum, esou datt dës zwee Resultater net direkt matenee vergläichbar sinn.
Zweetgewielte war deemools de Mars Di Bartolomeo, deen och nees mat an d’Wale geet, genee wéi d’Deputéiert Dan Kersch, Dan Biancalana, Simone Asselborn-Bintz, Lydia Mutsch an de Fraktiounspresident Yves Cruchten.
Nieft der Co-Spëtzekandidatin Taina Bofferding, déi sech 2018 tëscht dem Georges Engel an der Lydia Mutsch klasséiert hat, geet natierlech och den Aarbechts- a Sportminister Georges Engel am Süde fir d’Sozialiste mat an d’Course.
Nei op der Lëscht derbäi sinn de jonke Stengeforter Buergermeeschter Sammy Wagner, d’Escher Conseillèrë Liz Braz an Enesa Agovic, den Déifferdenger Schäffen Thierry Wagner an déi jonk Déifferdenger Conseillère Zenia Charlé.
Net op der Lëscht sinn iwwerdeems d’LSAP-Buergermeeschtere Guy Altmeisch (Déifferdeng) an Henri Haine (Rëmeleng), grad wéi och den Escher Spëtzekandidat Steve Faltz.
Jonk Gesiichter op der sozialistescher Südlëscht sinn de Max Leners, de Max Molitor an d’Isabella Golinska vu Beetebuerg, wou jo d’LSAP der DP Avancë gemaach hat, fir zeréck un de Pouvoir ze kommen.
Gesat bei der LSAP am Süden ass och d’Dippecher Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller, d’Diddelenger Schäffe Claudia Dall’Agnol, de Schëfflenger Schäffe Carlo Feiereisen an de Réiser Buergermeeschter an LSAP-Generalsekretär Tom Jungen.
Och de Schäffe Romain Mertzig, deen zu Péiteng den Éischtgewielte gouf, an de Rëmelenger Schäffe Jimmy Skenderovic sinn op der LSAP-Lëscht vertrueden, déi 9 Fraen a 14 Männer zielt.
D’Altersmoyenne läit bei 46 Joer - ënnert den 23 Kandidate sinn eng hallef Dose Jonk Sozialisten.
2004 louch d’LSAP am Bezierk Süden nach bei 32 Prozent an deemools aacht Sëtz - no de Walen 2018 war dee Score op 22 Prozent a sechs Sëtz an der Chamber zesummegeschmolt.
Am Süde missten d’Sozialisten also considerabel Stëmme sammelen, fir eventuell nees kënnen an enger Koalitioun un de Pouvoir ze kommen. Garant duerfir sollen d’Politiker Asselborn, Bofferding, Di Bartolomeo a Kersch sinn - net méi mat an d’Wale geet jo de Staatsrotmember Alex Bodry, deen 2018 de Fënneftgewielte war.