SICA zu Kielen Aus dem Recyclingszenter gëtt e Ressourcenzenter

Diana Hoffmann
Mat engem Second-Hand-Buttek, engem Reparaturatelier an engem Schoulraum soll zu Kielen an Zukunft net méi just recycléiert ginn.

Mat dësem gëtt déi éischt Phas vun engem méi grousse Moderniséierungsprojet ofgeschloss. Ronn 43.000 Awunner aus den aacht Membergemenge solle vum neie Konzept profitéieren. De komplette Projet soll 29 Milliounen Euro kaschten. 8 Millioune wäerte vum Ëmweltministère iwwerholl ginn.

Am Mëttelpunkt stoung bei der Aweiung en Donneschdeg virun allem den neie Recyclage-Buttek. Wat fir e viregte Besëtzer keen Notze méi huet, soll hei eng zweet Chance kréien. Bicher, Kichegeschier, Spillsaachen oder aner Géigestänn kënnen ofginn a gratis matgeholl ginn. "Et geet net méi drëm, wéi ginn ech mäin Dreck lass", seet de SICA-President Luc Feller. Villméi misst ee sech d'Fro stellen, wéi Offall iwwerhaapt verhënnert ka ginn, wéi Produite méi laang genotzt kënne ginn a wéi kleng Defekter duerch Reparature behuewe kënne ginn.

Reparéieren amplaz ewechgeheien

 
De Site gëtt dofir och ëm e Reparaturatelier erweidert, deen aktuell nach ageriicht gëtt. Nieft Reparature sinn do och Workshoppe virgesinn, bei deenen d'Leit léiere kënnen, Alldagsgéigestänn selwer ze flécken. An engem weidere Raum solle Schoulklasse fir den Ëmgang mat Offall an d'Kreeslafwirtschaft sensibiliséiert ginn.

Trotzdeem bleift nach Potential. Zejoert si beim SICA am Duerchschnëtt 121,18 Kilo Reschtoffall pro Awunner ugefall. "Et wier flott, wa mer de Reschtoffall, deen op d'SIDOR geet, nach kéinten erofdrécken", seet de SICA-Sekretär Joël Adam. No senger Aschätzung géifen nach ëmmer Géigestänn am Reschtoffall landen, déi kéinte sortéiert oder souguer am Recyclage-Buttek en zweet Liewe kréien.

Dass de Besoin do ass, weisen och d'Zuelen: Zejoert goufen et méi wéi 36.000 Passagen am Recyclage-Buttek um ale Site, direkt niewendrun. Ronn 120 Tonne Géigestänn konnten nach eng Kéier benotzt ginn amplaz an der Dreckskëscht ze landen. Déi nächst Woch geet den neie Buttek offiziell op.

Eng zweet Bauphas ass dann och schonn amgaangen a soll nach ronn 16 Méint daueren. Dobäi kommen ënner anerem Solarpanneauen op den Daach vum Gebai an eng nei Plaz, wou d'Material besser ka sortéiert ginn, gëtt amenagéiert.

Back to Top
CIM LOGO