KierchbiergAuszeechnunge fir CGDIS-Memberen

RTL Lëtzebuerg
Ronn 150 Pompjeeën, mä och dat administrativen an technesche Personal vum CGDIS, goufen en Dënschdeg vun der Inneministesch Taina Bofferding honoréiert.
© CGDIS

Fir hiren Engagement zu Gonschte vun der Populatioun, krute si vun der Inneministesch Medailen iwwerreecht. Souwuel déi professionell, wéi och déi fräiwëlleg Membere goufen heibäi am European Convention Center Luxembourg um Kierchbierg ausgezeechent.

De CGDIS-Direkter Paul Schroeder hat bei senger Ried ënnerstrach, wéi wichteg d’Ofhale vu sou enger Zeremonie wier, déi fir d’éischt Kéier zanter hirer Kreatioun am Joer 2020 a Presenz konnt ofgehale ginn.

D’Taina Bofferding hat an hirer Ried d’Geleeënheet genotzt, fir de Fraen a Männer Merci ze soen, déi hir Zäit doran investéieren, hir Matmënschen ze schützen.

Communiqué: Remise de distinctions honorifiques aux membres du CGDIS

Back to Top
CIM LOGO