Sechs Accidenter um FreidegAuto am Gruef tëscht Viichten a Biissen, dräi Blesséierter bei Kollisioun zu Esch

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet e Freideg siwe Blesséierter bei am Ganze sechs Accidenter op de Stroossen uechter d'Land gemellt krut.
An enger liichter Lénkskéier huet de Chauffer d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an ass am Gruef gelant.
© Domingos Oliveira

E Freideg kuerz no 16 Auer ass um CR306 tëscht Viichten a Biissen een Auto vun der Strooss ofkomm an ass doropshin am Gruef gelant. De Chauffer gouf dobäi blesséiert a gouf mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht. Ee weideren Auto am Gruef war dem CGDIS schonn ëm 14:42 Auer op der N8 tëscht Sëll an Habscht gemellt ginn.

En Accident mat zwee Gefierer gouf et an der Mëttesstonn um Houwald an der Rue des Scillas. Bei der Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf eng Persoun verwonnt. D'Rettungsekippen aus der Stad waren op der Plaz.

Eng weider Kollisioun gouf et dann ëm 14:33 Auer zu Esch-Uelzecht an der Rue d'Ehlerange. Hei krute sech och zwee Autoen ze paken an dräi Persoune goufe blesséiert. Ambulanz a Pompjeeë vun Esch waren am Asaz.

Kuerz viru 16:30 Auer sinn dann nach zu Fréiseng op der Lëtzebuergerstrooss ee Moto an en Auto aneneegerannt. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn. Nieft der Ambulanz vun Diddeleng an de Pompjeeë vu Fréiseng war hei och de Samu op der Plaz.

Weideren Artikel vum 9. Oktober 2026

Back to Top
CIM LOGO