
Mat engem Elektroauto soll ee gratis dierfe parken.
Op de Liewensmëttel soll d'TVA ewech falen.
D'Freedefeier a Knupperte fir privat Zwecker solle ganz verbuede ginn.
Da gëtt och gefuerdert, datt de 5G am Norde vum Land besser gëtt. An datt de "Wantermaart" nees "Chrëschtmaart" soll genannt ginn.
Eng Petitioun setzt sech dann och derfir an, datt d'Petitioune sollen ofgeschaaft ginn. D'Land hätt aner Problemer, wéi sech nach mat deene villen an deels och ganz perséinlechen Demanden ze beschäftegen, heescht et an der Erkläerung.
5.500 Ënnerschrëfte si wéi ëmmer bannent 42 Deeg néideg, fir datt et an der Chamber zu engem ëffentlechen Debat kënnt.
Déi Petitioun, déi eng national Äntwert op d'Logementskris fuerdert, huet aktuell déi néideg Ënnerschrëfte beieneen. A wäert also ëffentlech am Parlament mussen diskutéiert ginn. Deen nächsten Debat ass de 14. Januar, wou en Urgence-Plang fir d'Zuchstreck Metz-Thionville-Lëtzebuerg gefuerdert gëtt.