CGDIS-BulletinEe Blesséierte bei Kollisioun tëscht 5 Autoen op der A6

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufen e Mëttwoch den Owend op zwee Accidenter an zwee Bränn geruff.
© Domingos Oliveira

Deemno koum et géint 18:36 Auer op der A6 Richtung Arel op der Héicht tëscht dem Briddel a Kapellen zu enger Kollisioun tëscht fënnef Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Mamer versuergt. Donieft waren d'Pompjeeën aus der Stad a Mamer um Asaz.

No 21 Auer hat et dann zu Rëmeleng op der Place des Bruyeres an enger Kiche gebrannt. Hei waren d'Rettungsekippe vu Rëmeleng, Keel, Esch an Diddeleng op der Plaz.

Zwee Blesséierter gouf et da géint 22:45 Auer zu Housen an der Haaptstrooss, wéi zwee Autoen anenee gerannt sinn. Hei hu sech d'Ambulanciere vu Clierf a vun Housen ëm d'Leit gekëmmert, donieft waren och d'Pompjeeë vun Housen am Asaz.

An der Nuecht géint 1 Auer huet et iwwerdeem zu Angelduerf an der Rue des Près an engem Haus gebrannt. Hei waren d'Rettungsdéngschter vun Angelduerf, Colmer-Bierg, Miersch, Tandel, der Fiels an dem Zenter Nordstad am Asaz, grad ewéi de Samu vun Ettelbréck. Wéi de CGDIS schreift, blouf et awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO