
Kuerz no 8 Auer e Samschdegmoien ass et um CR118 tëscht Angelsbierg an der Fiels zu engem méi uergen Accident komm. Eng Persoun gouf hei verwonnt, wéi en Auto sech iwwerschloen huet. Nieft de Pompjeeën aus der Fiels a vu Waldbëlleg an den Ambulancieren aus der Fiels, war hei och de Rettungshelikopter op der Plaz.