
Ee méi schrot Accident gouf et e Samschdeg den Owend géint 17:40 Auer tëschent Hueschtert a Rammerech. Een Automobilist huet sech do mat sengem Gefier iwwerschloen a gouf blesséiert. Nieft Ambulanz a Pompjeeën waren och de SAMU respektiv de Rettungshelikopter op der Plaz.
Géint 19:30 Auer sinn op der Areler Strooss zu Mamer zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei goufen dräi Persoune blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mamer waren an den Asaz geruff ginn.