
Um 18:55 Auer e Samschdegowend krute sech tëscht der Sortie Leideleng an dem Zéissenger Kräiz op der A4 an Direktioun Stad zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d'Monnerecher Pompjeeën an d'Ambulancieren aus der Stad.
Kuerz no 19:30 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech um CR141 tëscht Mompech an dem Pafebierg en Auto iwwerschloen huet. Hei waren de Stater Samu, d'Ambulanciere vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Mäertert an Uesweller am Asaz.