CGDISAuto op der Kopp um Waldhaff

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 21.40 Auer huet sech en Auto op der Nationalstrooss 11, op der Héicht vum Waldhaff iwwerschloen.

Wéi de CGDIS mellt, gouf heibäi eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Nidderaanwen an eng Ambulanz aus der Stad.

Kuerz no 15 Auer e Méindeg dann huet en Auto zu Volmerange-les-Mines en Auto gebrannt. Den Asaz-Zenter vun Diddeleng war op der Plaz. Da war tëscht Lenzweiler an Deewelt e Motocyclist gefall. Ëm de Blesséierten hu sech d’Ekippe vu Klierf a Wëntger gekëmmert. An der Lëtzebuerger Strooss um Roust waren da géint 16.30 Auer zwee Ween anenee gerannt. Zwee Blesséierter mellen d’Ekippen aus der Nordstad a vu Biissen.

Back to Top
CIM LOGO