
Et soll ee bei esou engem sensibelen Thema net aus der Hëft schéissen. Dat sot den Energieminister Claude Turmes wärend der Froestonn an der Chamber op d‘Fuerderung vun der CSV, de Staat sollt elo op seng Recetten um Sprit verzichten. Esou eng Mesure hätt e groussen Impakt op d‘Staatskeesen, a kéint net kuerzfristeg decidéiert ginn, huet de Minister erkläert.
De Co-Fraktiounspresident vun der CSV Gilles Roth hat virgerechent, dass de Staat op den 1,72 Euro fir e Liter Diesel, ënnert anerem iwwer d‘TVA-Steier 75 Cent akasséiere géing. D‘Mesurë vun der Regierung fir de Stéit wéinst der enormer Präishausse ze hëllefen, ginn der Oppositiounspartei net duer. Dofir fuerderen déi Chrëschtlech-Sozial, dass de Staat den Excedent vun de Recetten op der TVA elo an dëser Situatioun direkt un d‘Leit zeréckgëtt.
D‘Regierung hält drop, dass et fir e globale Marché och global Reaktioune muss ginn, fir de Präis vum Pëtrol an de Grëff ze kréien.