Op der N31 zu RaemerichBei engem Accident tëscht zwee Busser gouf eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Déi blesséiert Persoun koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Géint 20.45 Auer e Freidegowend krute sech op der N31 an Direktioun Raemericher Rond-point zwee Bussen ze paken. Wéi et vun der Police op Nofro heescht, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Si koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

D’Fuerbunn huet nom Accident misse gebotzt ginn. Géint 21.40 Auer war d’Strooss dunn nees normal befuerbar.

Back to Top
CIM LOGO