Santésdirektioun mécht de RappellBei net dréngenden Interventioune soll ee bei de Generalist, Pediater oder eng Maison Médicale

RTL Lëtzebuerg
D'Santésdirektioun erënnert drun, dass een hëllefe kann, déi iwwerfëllten Urgencen an de Spideeler z‘entlaaschten.
© RTL (Archiv)

Fir déi iwwerfëllten Urgencen an de Spideeler z‘entlaaschten, huet d’Santésdirektioun e Mëttwoch den Owend de Rappell, datt Patienten, déi keng dréngend Interventioun brauchen, wgl. solle bei engem Generalist, Pediater oder an enger Maison médicale passéieren. Esou kéint eng ugepasste Prise en charge assuréiert an den Drock op d’Urgencë reduzéiert ginn.

D’Maisons-médicalle sinn ënnert der Woch tëscht owes 20 Auer an Hallefnuecht op. De Weekend an op de Feierdeeg vu moies 8 bis Hallefnuecht. D’Maison médicale fir Kanner ass vu méindes bis freides tëscht 19 an 22 Auer owes op. De Weekend an op de Feierdeeg vu moies 9 bis owes 21 Auer.

Fir ze verhënneren, datt een iwwerhaapt krank gëtt, erënnert d’Santésdirektioun dann nach eng Kéier un déi sougenannt Gestes barrières. Dat heescht d’Hänn wäschen an Doheem lëften. Ass een da bis krank, soll een de Kontakt zu vulnerabele Leit evitéieren, eng Mask undoen an natierlech an den Ielebou houschen a néitsen.

Schreiwes vun der Santé.

Back to Top
CIM LOGO