Alkoholkontrollen am Norde vum LandBei véier Chauffere gouf de Permis op der Plaz agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg huet d'Police virun allem am Norde verstäerkt Alkoholkontrolle gemaach, dat op der Houschter-Déckt, zu Ettelbréck an zu Angelduerf.
Archiv-Bild
© Police

Am Ganze goufen an der Nuecht op e Sonndeg 463 Automobiliste kontrolléiert. Bei 15 Chauffeuren ass den Alkoholtest positiv ausgefall, 11 Mol gouf e Procès-verbal an zwee Mol en Avertissement taxé ausgestallt.

A véier Fäll gouf de Fürerschäin nach op der Plaz vun de Beamten agezunn.

Bei de Kontrollen goufen dann nach aacht weider Verstéiss géint de Code de la route festgestallt, déi awer näischt mat Alkohol um Steier ze dinn haten.

Back to Top
CIM LOGO