
Déi ungaresch Airline wier bekannt fir hir low-cost, also ganz niddreg Tariffer, mä och anti-sozial an anti-gewerkschaftlech Aktiounen. Déi niddreg Präisser géingen op d’Käschte vun de Salariéeë goen. D’Gewerkschaften OGBL an LCGB, souwéi och d’Lëtzebuerger Piloten-Associatioun ALPL betounen, datt d’Arrivée vu Wizz Air zu Lëtzebuerg keng Aarbechtsplazen a keng Steiere géing erabréngen.
Et misst Schluss si mam sozialen Dumping, sou d’Gewerkschaft. D’Politik soll der Liberalisatioun vum Aviatiounssecteur endlech de Réck dréinen.