
“Et ass wichteg, datt d’ASBLen zu Lëtzebuerg kënne funktionéieren a Benevollen net demotivéiert ginn duerch administrativ Hürden.” Dat huet d’Justizministesch Elisabeth Margue an der Chamber gesot. Et wier awer och wichteg, datt et Reegele ginn, wéi ASBLe solle funktionéieren. D’Gesetz vun 2023 wier néideg gewiescht, fir e méi moderne Kader ze hunn, et wieren awer domat och vill zousätzlech Obligatiounen op d’Leit duerkomm, dat wier ee sech bewosst. Beim Registre des Bénéficiaires Effectifs, kuerz RBE, hätt ee schonn en Helpdesk en Place.
“Wou spezialiséiert Personal och rekrutéiert ginn ass, fir eeben den ASBLen och zur Verfügung ze stoen. Et ass och e Guide d’assistance, deen een um Site fënnt. Den Site vum LBR ass frësch gemaach ginn an ass méi intuitiv opgebaut. Dir kënnt direkt pro Demarche kucken, wat Der wëllt maachen an da gitt Der direkt op déi richteg Säit geleet. An et gëtt eeben och eng speziell Säit fir d’ASBLen, wou souwuel Modeller vu Statuten ze fanne sinn, Modeller vu PVen a fir den Depot, genau esou wéi frequently asked question. Den LBR huet also massiv och an d’Hëllefstellung vun den ASBLen hei investéiert.”
Et géif awer och nach weider dru geschafft ginn, fir informatesch Léisungen ze fannen a fir d’Demarchen ze vereinfachen, huet d’Justizministesch nach erkläert.