Neit Material vum Zentrum fir politesch BildungBesser informéiert an d'Walkabinn

Tim Morizet
Am Kader vun de Chamberwalen huet den Zentrum fir politesch Bildung seng Offer u Broschüren, Videoen a pedagogeschem Material erweidert.
Besser informéiert an d'Walkabinn
Am Kader vun de Chamberwalen huet den Zentrum fir politesch Bildung seng Offer u Broschüren, Videoen a pedagogeschem Material erweidert.

De Wee an d’Walkabinne soll gutt a virun allem richteg informéiert gemaach ginn. Dofir ass dat néidegt Geschier wichteg. Och wann zu Lëtzebuerg réischt Groussjäreger wielen däerfen, ass et fir déi Jonk net vu Muttwëll, esou fréi ewéi méiglech ze léieren, ewéi de Walprozess fonctionéiert. Hei ass et d’Aufgab vum Zentrum fir politesch Bildung, fir de Jonken déi politesch Grondkenntnisser méi no ze bréngen.

Scho ganz fréi sinn déi Jonk vun Haut op de Soziale Reseauen ënnerwee. Facebook, Instagram, Tiktok, oder YouTube si voll mat Informatiounen. Richteger ewéi falscher. Realitéite verlafe gären aneneen. Eng politesch Bildung kann hëllefen, an deem Gewulls den Duerchbléck ze behalen. Ma kritesch Reflexiounen untrainéieren, gëllt net just fir déi Jonk, esou d’Kim Nommesch vum Zentrum fir politesch Bildung: Et muss een alt kënne wëssen ob een deenen Informatiounen traue kann. Jo, Nee, Firwat? Wou kann ech vertrauenswierdeg Informatioune fannen? Wéi ginn ech mam Discours ëm vun de Kandidaten an engem Walkampf?

An deem Kontext bitt den Zenter eng ganz Rëtsch Sourcen un, déi Opklärunge liwwere vu: wéi wielt een? Wéi fonctionéiert d’Chamber. Ma och Online-Tools ewéi FilterBubble.lu sollen opmierksam maachen, datt de Mënsch sech gäre mol an enger Bull isoléiert ouni et direkt ze wëssen, erkläert d’Kim Nommesch: “Andeems een online ënnerwee ass, hannerléisst een iwwerall seng Spueren. Déi Informatiounen, déi een ugewise kritt, sief dat op Social Media, oder aner Kanäl a Websäite gi bemol op een zougeschnidden. De Risiko ass, datt ee bemol mengt, jidderee géif wéi ee selwer denken. Et ass een da gäre mol manner bereet, sech mat anere Meenungen auserneen ze setzen.”

Konsequenz: Et kritt een dacks just eng Säit vun der Realitéit mat, respektiv falsch Informatioune si just schwéier ze detektéieren.

Dat ganzt Material – och fir Schoulklasse – fënnt een um Site vum Zentrum fir politesch Bildung.

Erklärvideoen zu de Walen vum Zentrum fir politesch Bildung

Back to Top
CIM LOGO