
Et hat een doropshin d’Decisioun geholl, datt d’Bierger vun Ierpeldeng-Sauer doriwwer ofstëmme sollen. Um Sonndeg war et esouwäit an d’Leit hunn driwwer ofgestëmmt, ob hir Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwert eng Nordstadfusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren deelhuele soll oder net.
Bis 14 Auer konnten d’Bierger an d’Biergerinnen hir Stëmm nach ofginn. D’Participatioun war obligatoresch fir Lëtzebuerger an Auslänner, déi sech op d’Wielerlëschten agedroen haten. E Sonndeg am Nomëtteg soll géint 16 Auer d’Resultat bekannt gi ginn.
Am Virfeld vum Referendum haten déi Responsabel vun der Gemeng d’Bierger nach emol iwwer een Infoowend informéiert. D’Populatioun vun der Gemeng Ierpeldeng géing an deenen nächste Joren a Joerzéngte massiv wuessen, mat oder ouni Fusioun. Ma wann Ierpeldeng net mat sengen Nopere vun Dikrech, Ettelbréck a Schieren zesummegeet, wäert d’Gemeng sech d’Infrastrukturen, déi esou ee Wuesstem no sech zitt, finanziell net leeschte kënnen. Bei enger Nordstad-Fusiounsgemeng géing dat par contre anescht ausgesinn. Dat war den Haaptmessage vum Buergermeeschter Claude Gleis op deem Owend. Duerch esou een Zesummeschloss hätt ee méi finanziell Moyenen, fir zum Beispill Infrastrukturen an de Beräicher Bildung a Sport ze bauen. An datt een där dringend neier bräicht, wéisst ee spéitstens zanter d’Turnhal zu Dikrech wéinst engem Waasserschued huet missen zougemaach ginn.
RTL-Artikel (17.10.2025): Infoowend am Virfeld vum Nordstadreferendum den 23. November: Zu Bierden ass d’Stëmmung wéinst dem Wandrad zimmlech gereizt
RTL-Artikel (10.07.2025): Neit Kapitel a Saachen Nordstadfusioun: Ierpeldeng organiséiert Enn vun dësem Joer ee Referendum