An der Rue Adolphe FischerBrand am Garer Quartier, Feier ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Adolphe Fischer am Garer Quartier huet et e Mëttwoch an engem Appartement gebrannt.

Wéi de CGDIS RTL op Nofro hi confirméiert huet, gouf hinne géint 10.45 Auer e Mëttwoch en Zëmmerbrand an der Rue Adolphe Fischer am Garer Quartier gemellt. Eng knapp Stonn méi spéit huet et vun der Plaz geheescht, datt d’Feier ënner Kontroll wier. All d’Awunner aus dem Gebai konnten evakuéiert ginn.

Nieft de Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper, vu Jonglënster an dem Réiserbann ass och d’Police op der Plaz. D’Strooss war fir d’Läschaarbechte gespaart.

Back to Top
CIM LOGO