Op eise StroossenBrand zu Biissen a 4 Accidenter mat 5 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch huet de CGDIS nach eng Partie Asätz gemellt.
© Domingos Oliveira

Géint 18.30 Auer en Dënschdeg den Owend waren um CR159 an Direktioun Sandweiler 2 Autoen an e Wëllschwäin an eng Kollisioun verwéckelt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Zu enger Kollisioun mat 2 Gefierer koum et en Dënschdeg den Owend géint 20.15 Auer um Ban de Gasperich an der Stad, hei goufen 2 Blesséierter gemellt.

Géint 21.45 Auer sinn dann nach zu Esch 2 Busser aneneegerannt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Zu Biissen gouf et de Mëttwoch de Moie fréi e gréissere Brand an enger Fabrick. De CGDIS mellt, dass d’Pompjeeën aus direkt 7 Zentren am Asaz waren. Detailer feelen nach, mä et gouf keng Blesséierter.

© Domingos Oliveira

E Mëttwoch de Moie gouf et dann nach op der A4 op der Héich vum Zéissenger Kräiz en Accident mat 2 Autoen, hei ass eng Persoun liicht blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO