
Een Abroch gouf et beispillsweis Freides um Belair an der Rue des Aubépines. Hei gouf ënnert anerem en Handy geklaut, deen d'Affer den Dag drop awer uerte konnt. D'Police konnt am Kader vun enger Enquête dunn zwee Verdächteger identifizéieren an och stellen. En Deel vun de geklaute Saache gouf fonnt, déi zwee Verdächteg goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
An och Méindes ass op sëllege Plazen agebrach ginn: Sou zum Beispill an der Rue Victor Hugo zu Esch an enger Dokteschpraxis, wou ënner anerem en Tablet an e Laptop geklaut goufen.
Géint 15 Auer dann en Abroch an en Appartementsgebai an der Rue des Maraichers um Kierchbierg, dat iwwert eng Balconsdier. Eng Fënster gouf hei futtigeschloen, banne si Raim a Schief duerchwullt an éischten Informatiounen no Boergeld geklaut ginn.
Zwee Brigange sinn da géint 17 Auer an en Haus an der Garerstrooss zu Wecker agebrach an hunn hei elektronesch Geräter, Bijouen a weider perséinlech Géigestänn geklaut. Och hei gouf eng Fënsterscheif futtigeschloen.