A Richtung ClausenCamion hänkt an der Kéier bei Tour Malakoff fest

Andy Brücker
E Freideg de Moien ass e Camionschauffer mat senger Maschinn an der Rue Jules Wilhelm bei der Tour Malakoff hänke bliwwen.
© Tom Zeimet / RTL

D’Zuchmaschinn huet et nach bis ënnert de Bou gepackt, ma den Unhänger huet déi enk Kéier net méi gemeeschtert. Elo gëtt dru geschafft, de “Knuet” opzeléisen, fir dass de Camion weiderfuere kann.

Et ass net fir d’éischt, dass et zu sou enger Situatioun op där Plaz kënnt. Ëmmer nees schéinen net sou kënneg Camionschauffere via Navigatiounsystem heihi geschéckt ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO