Croix-Rouge vergréissert d’LogistikCentre de Tri fir Kleeder an Iesswueren

Monica Camposeo
Tim Morizet
Um Site vun engem fréiere Miwwelbuttek schaaft sech d'Croix-Rouge déi néideg Kapazitéite fir der ëmmer méi grousser Demande nozekommen.
Centre de Tri vun der Croix Rouge fir Kleeder an Iesswueren
Um Site vun engem fréiere Miwwelbuttek schaaft sech d’Croix-Rouge déi néideg Kapazitéite fir der ëmmer méi grousser Demande nozekommen.

01/02/2023 Croix-Rouge vergréissert de Logistikzenter

Bal 200.000 Kilo Kleeder huet d’Croix-Rouge d’lescht Joer duerch Spenden gesammelt. Dës Saache musse sortéiert a verdeelt ginn, dat geschitt virop am Centre de Tri. 12.500 Leit haten 2022 vun den Offices Sociaux den Accès op d’Epicerië vun der Croix-Rouge an der Caritas. Fir där Nofro gerecht ze ginn, ass um Dënschden zu Léiweng dee neien Centre de Tri vun der Croix-Rouge ageweit ginn, um Site vun engem fréieren Miwwelbuttek.

Déi meescht Iesswueren keeft d’Croix-Rouge an. Duerch den Anti-Gaspi-Programm mat de Supermarchéë kommen eng 20 bis 30 Prozent vun all de Wueren eran. Dat si meeschtens Produiten, déi an e puer Deeg oflafen. Fir d’Beneficiairen, déi an déi 12 Epicerien uechter d’Land akafe ginn, kaschten d’Produiten een Drëttel vum Präis. Wat d’Kleeder ugeet, esou géingen virun allem kleng Gréissten feelen. Ënnerwäsch oder Strëmp ginn och seele gespent. Fir dat wat feelt ze kafen, gräift d’Rout Kräiz och op d’Suen zeréck, déi mam Buttek « Vintage Mood» - nieft dem Léiwenger Centre de Tri - verdéngt ginn. Hei gi Kleeder a Miwwele zu engem klenge Präis verkaaft. Saachen, déi net wierklech praktesch sinn an dowéinst net u Leit, déi op Spenden ugewise sinn, verdeelt ginn.

PDF: Schreiwes vun der Croix-Rouge

Back to Top
CIM LOGO