Am LokalenCGDIS mellt een Accident an zwee Bränn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien um 10 Auer ass tëscht Téiteng a Rëmeleng e Chauffeur mat sengem Gefier an eng Stroosseluucht gerannt.
© Archiv

Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert.

Donieft waren d’Pompjeeën an der Nuecht op e Samschdeg zweemol wéinst engem Brand am Asaz. Op Silvester hat géint 19.45 Auer zu Biissen ee Kamäin gebrannt an um 4.15 Auer e Samschdeg de Moie gouf et zu Gilsdref e Feier an engem Keller. A béide Fäll gouf keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO