
De laangjärege President vun der Policegewerkschaft SNPGL mécht dee Wiessel, obwuel hie Member an der CGFP-Exekutiv war. De Pascal Ricquier huet en Dënschdegmoien um Radio 100,7 erkläert, datt hie vun der CGFP net gefrot gi wier, fir nach emol ze kandidéieren. Virun allem de President vun der Arméisgewerkschaft Christian Schleck géing e komescht Spill spillen. Beim OGBL wier Plaz gewiescht an dofir wier hie gewiesselt.
De Concernéierte wollt eis op Nofro hin en Dënschdeg kee Statement ginn. D’Saache wieren ze komplex, fir se kuerz ze erklären an da géing ee riskéieren, datt Elementer net korrekt duergestallt wieren.
(14.2.25) Wiessel bei den OGBL: Pascal Ricquier kandidéiert bei Sozialwalen an der Fonction publique