Wiessel bei den OGBLPascal Ricquier kandidéiert bei Sozialwalen an der Fonction publique

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet de Ministère fir d'Fonction publique d'Lëscht mat de Kandidate fir d'Wale vun der Fonctionnaire- a Beamte-Chamber publizéiert.
© RTL Archiv

Wéi aus där Lëscht ervirgeet, wiesselt de Pascal Ricquier, fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL, bei den OGBL. De pensionéierte Polizist distanzéiert sech also vun der CGFP a kandidéiert bei de Sozialwalen an der Fonction publique fir den OGBL.

Et war jo spekuléiert ginn, datt hien nees wéilt zréck un d’Spëtzt vun der Policegewerkschaft. Am August 2023 war hien als President zréckgetrueden, well hie mat der CSV an d’Wale gaange war.

RTL-News (29.1.25): Putsch bei der Policegewerkschaft: SNPGL-Presidentin Marlène Negrini ofgesat
RTL-News (10.4.24): Pascal Ricquier dréint CSV de Réck: D’Reaktioun vum Léon Gloden war e Schlag an d’Gesiicht
RTL-News (3.4.24): Ex-President vu Police-Gewerkschaft: Pascal Ricquier gëtt CSV-Kaart wéinst Differenze mam Léon Gloden of
RTL-News (10.7.23): Mat der CSV an d’Walen: Pascal Ricquier demissionéiert am Conseil d’administration vun der SNPGL

Back to Top
CIM LOGO