No Entrevue mam PremierCGFP warnt viru Feelentwécklungen am ëffentleche Secteur

RTL Lëtzebuerg
D’CGFP huet sech bei enger Entrevue mat Premier Luc Frieden an dem Minister fir den Ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes kloer géint aktuell Regierungspläng positionéiert.
© Staatsministère

D’CGFP ass bereet sech den, wéi si soen, Feelentwécklungen an de Regierungspläng resolut ze widdersetzen. Dat schreift den Daachverband vun de Staatsbeamten no enger Entrevue e Méindeg mam Premier Frieden an dem zoustännege Minister Wilmes an engem Communiqué. Der CGFP ass et virun allem een Dar am A, datt de Staat wichteg Aufgaben am Gesondheetswiesen un ëffentlech Institutiounen, mee mat privat-rechtleche Reegelen ofgëtt. Dofir fuerdert d’Gewerkschaft och, datt de Projet de loi fir eng national Medikamentenagence ënnert dëse Konditiounen zeréckgezu gëtt.

Och a Saache Steierreform ass d’CGFP géint déi geplangten zäitlech limitéiert Iwwergangsreegelung fir d’Leit aus der Steierklass 2, dat well se de Stéit géif schueden. D’Iwwergangsreegelung misst dauerhaft bestoe bleiwen.

D’CGFP huet ugekënnegt, all weider Entwécklungen ze iwwerwaachen an, wann néideg, mat aller Konsequenz ze reagéieren. Fir si ass e modernen, staarken ëffentlechen Déngscht “net verhandelbar”.

Schreiwes vun der CGFP (2.12.2025)
Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO