Rentréespressekonferenz vum Luxembourg Lifelong Learning CenterChambre des Salariés fuerdert méi Moyenen, fir datt d'Leit sech weiderbilden

Marlène Clement
Iwwer 17.000 Persounen hunn d'Joer eng Weiderbildung am Luxembourg Lifelong Learning Center gemaach. Bei de Formatioune fir e Bachelor- oder Masterdiplom wier d'lescht Joer e Rekordjoer gewiescht, mat am ganzen 333 Kandidaten.
© Marlène Clement

Déi Zuelen huet d'Chambre des Salariés e Freideg de Moien op der Rentréespressekonferenz vum Luxembourg Lifelong Learning Center presentéiert. Den Direkter vun der Salariatskummer schwätzt vun engem "ganz gudde Bilan". Politik a Patronat géingen allerdéngs net genuch maachen, fir datt d'Leit sech kënne weiderbilden, esou d'Kritik.

Dat géing och déi lescht Enquête iwwer d'Qualitéit vun der Aarbecht, de sougenannte Quality of Work Index weisen, betount den Direkter vun der Chambre des Salariés Sylvain Hoffmann:

"D'Leit soen aus, dass se ëmmer manner Méiglechkeeten hunn en fin de compte, fir sech weiderzebilden an de Betriber. An dat ass e beonrouegend Zeechen. Mir hunn dat gemooss zënter 2014. An dat geet kontinuéierlech u sech erof."

D'Salariéë missten déi richteg Moyene kréien, sech weiderzebilden, fuerdert d'Chambre des Salariés. Och déi aktuell 80 Deeg Congé de formation pro Persoun an enger ganzer Karriär ginn net duer, fënnt hiren Directeur adjoint Claude Cardoso.

"D'Leit, déi bei eis e Master oder Bachelor zum Beispill maachen. Et geet hannen a vir net duer. Do missten déi Deeg och sensiblement eropgesat ginn."

De Luxembourg Lifelong Learning Center proposéiert vun dëser Rentrée un och nees eng Partie nei Formatiounen, dorënner een neie Master fir Leit aus dem Gesondheetsberäich. D'Myléna Runge, Conseillère de direction, erkläert:

"Wat wierklech am Fokus ass, ass wéi kann ee konkret d'KI an der Santé ëmsetzen, fir datt et am Déngscht vum Mënsch bleift. Dat heescht wierklech, wéi kann et esou orientéiert ginn, datt d'Effizienz optimiséiert ka ginn, mat Tâchen, déi manner interessant sinn, an deem Sënn, datt d'Mënschlechkeet am Vierdergrond soll bleiwen."

Deen neie Masterprogramm fänkt mat 14 Kandidaten un, déi den Owend hiren éischte Cours hunn. Nei ass och eng Formatioun am Industrieberäich, do geet et ëm d'Automatisatioun a Maintenance vu connectéierten industrielle Systemer.

CSL fuerdert méi Moyene fir Weiderbildung / Reportage: Marlène Clement

Back to Top
CIM LOGO