
Eng Policepatrull war vun engem anere Gefier ze séier iwwerholl ginn, ma obwuel d’Beamten him signaliséiert hunn, datt e soll stoebleiwen, ass de Chauffer weidergefuer. Nodeems weider Policepatrullen dobäi komm waren, konnt d’Gefier am Tunnel Micheville tëscht Esch an der franséischer Grenz gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Säi Fürerschäi gouf agezunn an et gouf eng Plainte gemaach.
Dat war awer net déi eenzeg Kéier um Samschdeg den Owend, wou den Alkohol dozou gefouert huet, datt d’Police huet missen intervenéieren. An zwee Fäll weidere haten Automobilisten ze vill gedronk a kruten dowéinst de Permis ofgeholl. Dat war eng Kéier géint 19.30 Auer wärend enger Alkoholkontroll zu Diddeleng a géint 21 Auer zu Nidderkuer. Do war ee Chauffer opgefall, well en engem aneren Auto ze no hannendrop gefuer ass.
A béide Fäll haten d’Chaufferen ze déif an d’Glas gekuckt an duerfen dowéinst net méi weiderfueren. Am Fall vun Nidderkuer war iwwerdeems och nach d’Contrôle technique ofgelaf.
De CGDIS mellt dann nach dräi Blesséierter op eise Stroossen e Samschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Sonndeg. Um 23 Auer war um CR 329 tëscht Grëmmelescht an Näertrech een Auto bäigaangen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
Um 1:15 Auer an der Nuecht ass an der Rue de la Chapelle zu Wolz een Auto no enger Kollisioun op d’Kopp gaangen. Och hei huet d’Ambulanz vu Woltz sech ëm ee Blesséierte misse këmmeren.
Déint 1.30 Auer huet sech dann nach ee Gefier um CR 144 tëscht Kanech a Lenneng iwwerschloen, woubäi och eng Persoun blesséiert gouf.