Méi genee huet d'Police d'Camionnette op der Héicht vun der Place de l'Hotel de Ville zu Ettelbréck gestoppt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer kee Fürerschäin huet an d'Gefier an engem schlechten Zoustand ass.
Doriwwer eraus war d'Camionnette mat enger gréisserer Quantitéit Gasfläsche fir um Camping belueden.
Op Uerder vum Parquet goufen d'Camionnette an d'Gasfläsche saiséiert.