Op der A13 duebel sou séier wéi erlaabtChauffeur fiert mat 224 km/h op enger Plaz, op där 110 erlaabt ass

RTL Lëtzebuerg
De Chauffeur krut de Permis nach op der Plaz ofgeholl a gouf protokolléiert.
© RTL Archiv

Am Kader vun enger Verkéierskontroll op der A13 gouf e Mëttwoch d'Vitess vun engem Chauffeur gemooss, dee mat 224 km/h ënnerwee war. Op der Streck, op där de Chauffeur ënnerwee war, ass allerdéngs just 110 km/h erlaabt,

Eng Patrull vun der Police huet doropshin d'Poursuite opgeholl. De Chauffeur konnt e wéineg méi spéit gestoppt an aus dem Verkéier gezu ginn.

De Chauffeur krut de Permis nach op der Plaz ofgeholl a gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO