D'Klimakris ass déi gréisst mat där d'Mënschheet jee ze dinn hat, a mer maachen nach ëmmer esou, wéi wann dat net de Fall wier. Dat sot de Christian Stöcker e Freideg de Moien hei op RTL. Hien ass Kognitiounspsycholog, schreift Commentairë beim Spiegel an enseignéiert digital Kommunikatioun op der Hochschule für angewandte Wissenschaften zu Hamburg. A sengen Ae gëtt net genuch gehandelt, mee et ginn och positiv Entwécklungen.
De Christian Stöcker war en Donneschdeg Gaascht bei de Klimapakt-Accisë vum Naturpark Our an e Freideg de Moie bei eis. Hie gëtt net gär Klimaaktivist genannt: “Leit, déi faktuell iwwert d'Klimakris schwätzen, als Aktivist ze bezeechnen, ass en alen Trick vun der Pëtrol- a Gasindustrie”, esou de Journalist a Professer.
A sengen Ae géing net genuch iwwert d'Klimakris geschwat ginn, woubäi enger internationaler Ëmfro bei 130.000 Leit no, déi an der Zäitschrëft Nature verëffentlecht gouf, wiere 87% vun de Leit dofir, datt hir eegen national Politik méi mécht. Net handelen, géing just der fossiller Industrie an d'Kaarte spillen. Op d'gutt Walresultater vun der klimaskeptescher AfD an Däitschland ugeschwat, verweist de Christian Stöcker op eng aner Ëmfro, déi weise géing, datt och déi meescht Wieler vun der AfD fanne géingen, datt d’Energiewende net séier genuch geet. Senger Meenung no wielen d'Leit d'AfD wéinst aneren Theemen.
D'EU hält nach un hire Klimaziler fest, mee huet antëscht och eng Approche fir d'Konsequenze vun der Klimakris ofzefiederen. De Christian Stöcker ass averstan, datt béides néideg ass. Mee virun allem misst een alles maachen, fir d'Hausse vun de globalen Temperaturen ofzebremsen.
De Journalist a Professer huet et mat engem Féiwer verglach: “Do wäert een alles maachen, fir dem Patient säi Liewen esou agreabel ze maachen ewéi méiglech – hien ofkillen, waarmwéckelen, Aspirin, alles, wat ee maache ka géint Féiwer. Mee et muss een awer och d'Krankheet bekämpfen, well wann d'Temperatur weider klëmmt, da stierft een iergendwann”.
Laanscht Klimaanlage kéim een net, mee et bräicht ee “méi Gréngs, méi Waasser an esou weider”. Et géing nach vill ze vill ewechgeheit an “absurde Konsum” ginn, ewéi Fast-fashion zum Beispill. E Bam ofrappen, wier nach ëmmer méi rentabel ewéi een ze planzen.
Weltwäit klammen d'CO2-Emissiounen nach ëmmer. Iergendwa kéint d'mënschlech Zivilisatioun dat net méi verkraaften an d'Gefor wier aktuell “nach ganz akut”. Et geet net séier genuch, mee de Christian Stöcker huet och positiv Entwécklungen ervirgestrach. A China – dem gréissten Emetteur - stagnéieren d'Emissiounen.
Wat Europa ugeet, huet hie begréisst, datt et hei gelonge wier, d'wirtschaftlech Entwécklung vun den CO-Emissioune lasszekoppelen. Hien huet och e Quiz proposéiert an opgeléist: 2024 wieren 92,7% vun der neigebauter Kapazitéit fir Stroumproduktioun erneierbar Energie, d'Joer virdru 86% a virdrun 83%.
Kann een an engem Land, wou Pëtrol 60% vum gesamten Energieverbrauch ausmécht, notamment wéinst de politesch gewënschte Recettë vum Tanktourismus, nach vun Energiewende schwätzen? Op déi Fro huet den däitsche Journalist, Professer an Auteur geäntwert, d'Verbrenner-Motore wiere “rollende Heizungen” an “extreem ineffizient Maschinnen”.
Hie sot wëssenschaftlech Studie weisen, datt et trotz dem Foussofdrock, fir en Elektroautoe ze produzéieren, besser ass e Verbrenner-Auto direkt ze verschrotten a mat engem Elektroauto z’ersetzen. Allerdéngs dierf ee säi Verbrenner net als Occasioun verkafen, soss géif et jo näischt änneren.
Batterië kéint een “excellent recycléieren”, mee fossil Energie géing nach mat “grotesk héischen Zomme” subventionéiert ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.