Paulette Lenert am RTL-InterviewCorona-Peak duerch Retour aus Vakanz wier héchstwarscheinlech erreecht

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Donneschdeg den Owend am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.
Den Interview mam Paulette Lenert
D'Gesondheetsministesch war Invité um Plateau vum RTL-Journal.

Ma et misst een drop preparéiert sinn, datt et deemnächst en Ëmschwong gëtt an d'Infektiounsgefor mat der Rentrée nees bei engem Doheem méi klëmmt.
Dohier hätte sech scho Léierpersonal an eng Rëtsch Schüler fir d'Covid-Tester direkt virun der Rentrée ugemellt, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

"Mir striewen e Maximum un Normalitéit un, well mer déi och als Gesellschaft brauchen. D'Zil ass et, d'Schüler esou gutt ewéi méiglech ze encadréieren, fir datt mer keen ze grousse Risiko huelen. Global gesinn, ass de „Mot d'ordre" nach ëmmer Virsiicht."

Et hätt een zu Lëtzebuerg vill Erfarungswäerter iwwert déi lescht Wochen a Méint gesammelt, déi d'Erfuersche vum Virus weider ënnerstëtzen.

"Lëtzebuerg huet als eenzegt Land esou breet Date ronderëm asymptomatesch Leit, déi getest gi sinn. Do ass et och fir eis intressant fir elo ze kucken: mécht et en Ënnerscheed um Terrain. Mir hu jo unhand vun der Mesure en Place jiddereen d'nämmlecht traitéiert."

Ma, et wier ze bedaueren, datt et déi lescht Wochen ëmmer nees zu klenge Feeler beim Testen, ewéi zum Beispill de falsch positiven Tester komm wier.

"Mir hunn e Protokoll, dee mer suivéieren, wann en Test positiv war. Dann ass eng Demarche, déi hannendru kënnt, déi och strikt duerchgezu gëtt. Mee leider ass et wärend der aktueller Situatioun ganz schwéier, dem Eenzelfall dann déi Zäit ze widmen, déi gebraucht gëtt, fir an den Detail ze goen, wann et effektiv e falsch positiven Test war."

Mam Wanter kommen dann d'Grippesymptomer - d'Santé schafft hei den Ament u Recommandatiounen. Et géif een un engem Prioritéite-System schaffen. Et gouf méi Grippen-Impfstoff ewéi déi Jore virdru bestallt, ma ganz vill Leit hätten elo schonn do hire Vaccin reservéiert.

"Mir wäerten do och e Freiden eng Recommandatioun un Dokteren erausschécken, fir an dësem Stade d'Empfeelung ze ginn, datt d'Reservatioune prioritär solle gemaach gi fir déi Leit, déi als vulnerabel zielen an zur Risiko-Kategorie vun der Gripp gehéieren."

Et wiere grouss Quantitéiten u Vaccine bestallt, ma nach net alles ukomm, esou d'Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO